Associatioun Lëtzebuerger Literatur

Wëllkomm

ALL Schrëftsteller*innen asbl ass eng Associatioun, déi sech am September 2020 gegrënnt huet. ALL, kuerz fir Associatoun Lëtzebuerger Literatur, gesäit sech an der Traditioun vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband a setzt sech fir d’Revendicatiounen an d’Rechter vun de Schrëftsteller*innen an, déi zu Lëtzebuerg enger reegelméisseger literarescher Aktivitéit noginn. ALL ass am Oktober 2022 der Charte de Déontologie vum Kulturministère bäigetrueden. 

Am Ament sinn Aarbechtsgruppen en place, déi sech beschäftege mat der Rémuneratiounspraxis vun de schrëftstellereschen Aktivitéiten, enger Plattform fir de schrëftstellereschen Nowuess an der Zesummenaarbecht mat de Verlager.

Weider Informatiounen, wéi ee Member ka ginn, fannt Dir méi wäit ënnen. Ee Kalenner mat den Evenementer vun eise Membere fannt Dir hei.


Memberen

aktiv Memberen

BACK Jean

BASSO DE MARCH Serge

BILTGEN Raoul

BOERES-VETTOR Angela

BÜRLESK Jean

BUTTI Romain

CLEMENT Cathy

CORREIA José Luis

DECOCK Pierre

DI BARTOLOMEO Anja

FABER Larisa

FAUST Fabienne

FELTGEN Monique

FRANCOIS Luc

GAROFALO Olivier

GONNER Bernd Marcel

HAMEN Samuel

HELMINGER Guy

HENGEN Tom

HOSCHEIT Jhemp

JASPERS Susanne

KAYSER Joseph

KELLER Chantal

KRECKÉ Carine

KRIER Maryse

LANTZ Jean-Marc

LAUER Chris

LEADER James

LEADER Anna

LECOMTE Nelly

MARINOV Isabelle

MEYER Roland

NISSE Tom

POHU Antoine

REUTER Anne-Marie

RINALDETTI Léon

RONVAUX Nathalie

RUFOLO Dana

SCHANK Marco

SCHUSTER Jemp

SOFTIC Faiz

SPADA Luc

SUNNEN Florence

THIERY Mandy

THILL Claire

WEIS Robert

ZANGERLÉ Gast

Verwaltungsrot

BAIL Ulrike

DE TOFFOLI Ian

FORGIARINI Tullio

GROEBER Gast

KIRPS Francis

Keesjee

MUNO Claudine

SCHINKER Jeff

SCHMIT Elise

TONIELLO Florent

WAGENER Nora

WEBER Maxime

Eierememberen

GREISCH Pol

HELMINGER Nico

JORIS Pierre

KARTHEISER Josiane

MART Colette

PORTANTE Jean

SCHLECHTER Lambert

STECKEL Margret

Exekutiv Büro

Vizepresident

KIRPS Francis

President

SCHINKER Jeff

Tresorier

WAGENER Nora

Sekretär

WEBER Maxime

Member ginn

Mir freeën eis, wann Dir Interessi hutt, bei eiser Associatioun Member wëllen ze ginn, egal ob Dir scho méi laang schreift oder eréischt ugefaang hutt, schrëftstelleresch aktiv ze sinn.

De Conseil d'administration vun A:LL Schrëftsteller*innen, dee sech mat den Demande befaasst, baséiert seng Entscheedung ë. a. op dëser net exhaustiver Lëscht u Critèren, fir déi reegelméisseg an effektiv Aktivitéit z’evaluéieren; dorënner fale v. a.:


an de Jore virun dem Areeche vum Bäitrëttsformulaire u Residencë fir Schrëftsteller*innen deelhuelen, déi vu professionelle Strukturen zu Lëtzebuerg an/oder am Ausland proposéiert ginn


an de Jore virun dem Areeche vum Bäitrëttsformulaire bei engem Editeur publizéieren


an de Jore virun dem Areeche vum Bäitrëttsformulaire gi Wierker vun enger professioneller Struktur oder Compagnie produzéiert respektiv opgefouert


literaresch Präisser an/oder Auszeechnungen erhalen, déi zu Lëtzebuerg an/oder am Ausland vun enger professioneller an unerkannter literarescher Autoritéit vergi ginn


an de Jore virun dem Areeche vum Bäitrëttsformulaire u literaresche Manifestatiounen, Treffen an/oder Festivals deelhuelen, déi zu Lëtzebuerg an/oder am Ausland vu professionelle Strukturen organiséiert ginn

Zéckt net, eis doriwwer eraus Är perséinlech Motivatiounen a weider Detailer, déi Iech relevant erschéngen, matzedeelen! Mir freeën eis, vun Iech ze héieren. De Formulaire d'adhésion kënnt Dir eis ausgefëllt an ënnerschriwwen schécken - als Scan op info [at] a-ll.lu respektiv als Bréif un: A:LL Schrëftsteller*innen asbl, 1, rue de Laroche, L-1918 Luxembourg.

sech fir d'Newsletter aschreiwen